Léiw Sportsfrënn,

den Dëschtennis Kordall 95 invitéiert all Dëschtennisspillerin an Dëschtennisspiller aus dem Land häerzlech zu sengem alljährlechen Dëschtennisturnéier, deen den 27. MEE 2017 zu RODANGE an der Sportshal (rue Jos Moscardo, 4840 Rodange) gespillt gëtt.

Iwwersiicht vun den Kategorien:
08:30 – D3
09:00 – D-Open
09:30 – D2
10:00 – C3
11:00 – C2
11:30 – C-Open
12:30 – Open-Handicap
13:30 – B3
14:00 – A-Open
14:30 – B2
15:00 – B-Open
 
 
Wéi och d’lescht Joer:

Jiddereen deen ob eisem Turnéier vum leschten Joer eng Kategorie gewonnen huet, an dëst Joer erëm eng Kategorie gewënnt kritt zousätzlech zum Präisgeld e Bonus vun 25 Euro (Kategorien A bis C1); an den Kategorien wou et Coupen ze gewannen gëtt, kritt een als Zousazpräis ee Bong vum TT-Shop.lu am Wäert vun 25 Euro. Dat ganzt ass also eng Aart Titelverdeedegung.

 
Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuergt.

Aschreiwungen kennt Dir bis den 24. Mee iwwert den Intranet vun der Federatioun maachen ënnert www.intranet.fltt.lu

Mir wieren frou vill vun iech ob eisem Turnéier begréissen ze kennen.

 

 

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *